Héichwaassermeldezentrum Lëtzebuerg

Stänneg Bereetstellung vu gemoossene Waasserstänn a Previsioune fir lëtzebuergesch Haaptgewässer souwéi zousätzlech Informatioune während dem Héichwaassermeldedéngscht.

D'Administration de la gestion de l’eau ass di kompetent Verwaltung fir d'Bereetstellung vun Héichwaasserprevisiounen un allen lëtzebuergesche Gewässer. Ass de Meldedéngscht a Bereetschaft, gëtt dës Säit mat aktuellen Héichwaasserinformatiounen an Héichwaasserbulletins ergänzt. D'Héichwaasserbulletins enthalen Informatiounen zur Wiederlag, zum Offlooss an zur Previsioun vu Waasserstänn un de Meldepegelen. Dës ginn ënnert Warnungen publizéiert.

Och ausserhalb vun den Héichwaasserzäiten kënnen aktuell Waasserstänn a Previsioune consultéiert ginn. D'Waasserstänn ginn an der Regel all 15 Minutte aktualiséiert. D’Previsioune ginn mindestens all dräi Stonnen gerechent a publizéiert, je no Situatioun kennen se bis zu stënterlech aktualiséiert ginn. Fir aktuell 11 Peegele gi Previsioune mat enger Längt vu bis zu 24 Stonnen duergestallt.

D'Administration de la gestion de l’eau ass déi zoustänneg Verwaltung fir d'Pegelstatiounen un de Gewässer am Einzugsgebitt vun der Sauer, der Chiers an der Syre. Den Service de la navigation ass di zoustänneg Verwaltung fir d'Pegelstatiounen un der Musel.

Bei de verëffentlechten Daten handelt et sech em Réidaten, déi vollautomatesch an ouni Kontroll gemooss ginn!

Héichwaassermeldedéngscht net aktiv

D'Bereetstellung vun Héichwaasserbulletins ass net aktivéiert.

Héichwaassermeldedéngscht a Bereetschaft

Den Héichwaassermeldedéngscht ass an Bereetschaft. D'Bereetstellung vun Héichwaasserbulletins ass net aktivéiert.

Héichwaassermeldedéngscht an Pre-alerte

Den Héichwaassermeldedéngscht ass an Pre-alerte. Bereetstellung vun Héichwaasserinformatiounen, Aktualiséierung wann sech d'Lag ännert.

Héichwaassermeldedéngscht an Alerte

Den Héichwaassermeldedéngscht ass an Alerte. D'Bereetstellung vun Héichwaasserinformatioune mindestens zweemol den Dag an wann sech d'Lag ännert.